Mathematik
D’ABACUS-Experen: Nohëllef an der Mathematik
Aufgaben a Léisungen sinn am Fach Mathematik logesch opgebaut, si sinn nëtt vun subjektiven Interpretatiounen ofhängeg an am spéidere Beruffsliewen ass e grondleeënd mathematescht Verständnes erfuerderlech.
Ma awer: Mathematik ass dat am meeschten nogefroten Nohëlleffach a kann zur groußer Flemm bei de Schüler féieren, déi an der Schoul net méi matkommen. Dachs héieren mir Säz wéi: “Ech haase Mathe” an “Ech kann et einfach net” wa mir zu engem Berodungsgespräich ginn. Ma vuwou kënnt dat hier? D’Mathematik kann mat engem Kaartenhaus verglach ginn: wann een vun den ënneschte Stäck ze schwaach ass, fällt iergendwann alles an sech zesummen. Bei der Mathematik baut de Schoulunterrëcht ëmmer op dem Virwëssen vum zreckleiende Léierplang op. Entstanen Wëssenslächer kënnen doduerch zäitverzunn, deels eréicht no engem bis zwee Schouljoer zu eeschten Verständnisproblemer féieren. Déi héich Frustratioun bei de Schüler entsteet desweideren duerch Hëlleflosegkeet. Absënns an der Mathematik kënnen sech d’Schüler dat feelend Wëssen nëtt esou einfach duerch “fläissegt Léieren” uliesen. Sie brauchen een, deen hinnen weider en Zougang zu der logescher Léisung vun den Aufgaben bit, een deen hinnen dat Ganzt verständlech a gedëlleg erkläert.
Eisen Nohëllefunterrecht ass esou konzipéiert, dass mir vum aktuellen Stoff ausginn a schrëttweis d’Wëssenslächer zou man. Well all Schüler aner Verständnessschwieregkeeten huet, ass grad an der Mathematik den individuellen Eenzelunterrecht wichteg. Ass de Knuet eemol op, heescht et üben, üben. Fir d’Klassenaarbecht an vir d’Ofschlossprüfung hunn mir dowéinst en ëmfangräicht Übungsmaterial, dat mir den ABACUS-Schüler gären bereed stellen.
Eis Erfahrung weist: Grad an der Mathematik kann déi Eenzelnohëllef séier zu mosbare Verbesserunge féieren.
Schülerzitater zum Fach Mathematik:
„Ouni Nohëllef an der Mathe gëtt bei mir leider guer näischt.”
„Mathe an der 9. Klass war am schlëmmsten: Linear Gläichongssystemer, de Saz vum Pythagoras, Straalesäz, Mëtternuechtsformel, quadratesch Gläichongen, Ongläichongen. D’Lëscht vun esou Wieder ass onendlech...”
„Mathe ass mäin absoluten béisesten Dram.”
„Mathe ass en dankbart Fach. Wann een Grondlage kann an e wéineg Interessi a Fléis matbrëngt, kann een doranner ganz gutt ginn.”
„Mathe? Also dat verstinn ech ni!”
„D’Benoutung ass nëtt vun der Meenung vum Schoulmeeschter ofhängeg, wéi an anere Fächer, wéi z.B. Däitsch oder Englesch.”
„Et geet näischt iwwert Zefriddenheet, wann een eng Aufgab richteg geléist huet.”
„Matheaufgaben kënnen nëmmen richteg oder falsch sinn, Zwëscheléisungen ginn et keng.”
„Am Géigesaz zur Geschicht an anere “Auswendeg-ze-léieren-Fächer” ass d’Mathematik eng begräifbar Wëssenschaft, an nëtt esou abstrakt.”
„Mathe huet vill Säiten. Dat mecht Mathe och esou interessant. Et gëtt Funktiounen, d’Geometrie, d’Statistik...an an an...”
„Well Mathe dat eenzegt Fach ass, dat ëmmer eng Logik huet.”
„Ech hunn et gären, Aufgaben no engem bestëmmten Muster ze verschaffen, bei deenen et eendeiteg Léisunge gëtt.”
„Well een et dachs am Liewen brauch, bal am ganze Liewen brauch een Mathematik.”