Chimie
D’ABACUS-Experen: Nohëllef an der Chimie
Amfong ass Chimie e klassescht Léierfach. Obwuel och hei gëllt: Wen in der Vergaangenheet Stofflächer gesammelt huet, gëtt se schwéier nees lass. Dowéinst ass grad an der Chimie den individuellen Eenzelunterrecht esou wichteg.
Schülermeenungen iwwert Fach Chimie:
„Wann et an der Chimie-Stonn raacht an dämbt, dann hunn ech am meschte Freed.“
„De Periodesystem wor fir mech e Buch mat siwe Sigelen. Dank der Nohëllef hunn ech et elo verstann.“
„An der Chimie sinn ech gutt, leider, well wann’s du Mathe beherrschst, bass du ugehimmelt, bei der Chimie bass du e Freak. Firwat iwwerhaapt?“
„E Super-Job an der Pharma-Industrie setzt méiglecherweis e Chimie-Studium viraus. D’Paien sinn an der Branche immens héich. Awer Chimie als Fach an der Schoul? Mir läid et nëtt. Opmanst nëtt alleguer Themen. Vläit ginn ech d’Chimie iergendengkéier nach kucken. Dat wier gutt. Nohëllef hat ech an der Chemie schons engkéier, dat wor op der 9. Klass. Ofwieselnd mat Physik. Do hat ech och ganz uerdentlech Noten. Soubal de Lerer nëtt méi koum, wor et eriwwer mat de gudden Noten.“
„De Geroch am Chimie-Labo huet mech ëmmer faszinéiert.“
„No menger Chimie-Nohëllef an der 9. Klass konnt ech mengen Klassekommeroden soguer selwer ettleches erklären.“
„No der 11. Klass hunn ech mech missen tëschent Chimie, Physik a Bio entscheeden. Ech hunn Chimie geholl, well ech kee Fach mat der Note 4 ofwielen wollt. Am Grondkur gouf ech tatsächlech besser (mat e besi Nohëllef) an hunn mat 9 Punkten ofgeschloss.“
„Ech krut schons fréi mäin éischten Chimiebaukasten an hat vun Ufank un Freed, Reaktiounen a Verbindungen vu Stoffer ze ënnersichen. D’Fach Chimie begeeschtert mech awer manner.“
„Mäin Papp schafft bei der BASF. Dowéinst sinn ech fréi mat Chimie a Kontakt komm. An der Schoul hunn ech vläit och dowéinst e groussen Interessi am Fach Chimie.“
„Chimie fällt mär licht, keng Ahnung firwat, an well ech nach nëtt wees, wat ech spéider wëll ginn, konzentréieren ech mech op déi Fächer, mat denen ech spéider am Abitur gutt Notten erzilen kann.“
„Ech géif gären Medezin studéieren, do koum ech em Chimie nëtt derlaanscht. Mat e besi Nohëllef kréien ech och do en ganz gutt Note.“