Latäin
D’ABACUS-Experen: Nohëllef am Latäin
Latäin ass e streng logesch opgebaute Fach. Och héi gëllt: Wen an der Vergaangenheet Lächer am Latäin-Stoff hat, wäert ëmmer och Problemer mat dem aktuelle Stoff hunn. Dowéinst ass grat am Latäin den individuellen Eenzelunterrecht esou wichteg.
Mär stellen bei e puer Schüler och en Zesummenhang tëschend de Problemer am Fach Latäin an de Problemer am Fach Mathematik fest. Hei bitt ABACUS déi besonnesch Méiglechkeet, dass en Nohëllefmataarbechter fir déi zwee Fächer zoustänneg ka sinn. Esou kann den Schwéierpunkt am Nohëllefunterrecht den Ufuederungen an der Schoul ugepasst ginn.
Schülermenungen zum Fach Latäin:
„Latäin ass déi eenzeg logesch Sproch.“
„Ech hat Latäin schon zanter der 6. Klass an ech hunn de Schrëtt ni bereid.“
„Fir déi aner Sproochen huet mär d’Latäin immens gehollef. Absënns am Franséischen oder am Italiéneschen ass Latäin eng grous Hëllef. Et kann een sech vill selwer hierleeden. An och fir déi naturwëssenschaftlech Fächer wor Latäin fir d’Erugoen un e Problem ganz nëtzlech.“
„Iergendwéi hunn ech mech elitär gefillt, wéi ech déi éischt Stonn Latäin hat.“
„Opmannst de klengen Latinum soll een hunn. Deen kann een spéider op alle Fall gebrauchen.“
„Fräiwëlleg hätt ech Latäin ni geholl. Meng Elteren hunn mär awer dringend duerzou geroden. Beréit hunn ech et net.“
„Wien kennt net d’Klassiker vun der latengescher Sprooch an eisem Alldag: Errare humanum est, in vino veritas, carpe diem, veni vidi vici, divide et imera, stante pede…“
„Dat Wierk: Caesar – De Bello Gallico wor an der 9. Klass drunn. Ausgerechnet déi hunn ech missen widerhuelen. Et gëtt och bei der zweete Kéier net besser.“
„Ech well ganz einfach méi Latäin kënnen, wéi déi puer Vokabelen beim Asterix an Obelix.“
„Eisen Schoulmeeschter huet gesot, Latäin léieren schoult d’Rhetorik. Mäin (wäit) Zill ass d’Politk, da kann dat nëtt schueden. Et gesäit e jo bei villen Politiker, dass do eppes feelt. An déi kënnen fachlech nach esou gutt sinn, ouni déi entspriechend Wierkung no bausen hëllt dech ke Mënsch fir eescht.“