Englesch
D’ABACUS-Experen: Nohëllef an Englesch
Englesch ass einfach déi Weltsproch. An eisem Zäitalter vun der Globaliséierung e wichtege Bausteen fir den berufflechen Erfolleg an fir eng privat Onofhängegkeet. Egal ob et dorëmms get, sech spéider bei de Vakanzen an aner Länner souverän eens ze ginn oder am Zäitalter vun der Welt-Vernetzung an der internationaler Zesummenaarbecht vun Firmen e gudden Job ze kréien: Englesch ass wichteg.
An der Schoulzäit kënnen dës Schäz vun der Sproch iewer schons eemol vergiess ginn, wann sech d’Grammatik nëtt festsetze wëll oder schons nees eng Kéier dräi Säiten Vokabelen ze léieren sinn. “Et ass esouuuu vill” oder “dat mecht keng Freed”, héieren d’Elteren oder Schoulmeeschteren dachs. Huet e Schüler dann eemol ee Schouljoer net richteg matgemeet, ass de Bierg un Schoulstoff, deen nozehuelen ass, enorm.
Zum Gléck kann Englesch awer och vill Freed man. D’ABACUS-Nohëllef zillt dorober of, den Schüler nees fir déi Sproch ze motivéieren. En einfacht Mëttel ass dat gemeinsamt Schwätzen vun der Sproch, wat am Schoulunterrecht dachs ze kuerz kënnt. Zesummen op Englesch e Rätsel léisen, e Spill spillen oder Vakanzepläng ausschaffen, dat mecht déi Sproch erëm lieweg. Well nëmmen wann de Schüler nees Freed um Engleschen huet, wäert hien sech och mat dem langweilegen Léieren vun de Vokabelen oder vun der Grammatik ausenanersetzen. D’Eenzelnohëllef kann héi och vill wertvoll Tipps an Technicken fir en effinzient Léieren vermëttelen.
Schülermenungen zum Fach Englesch:
„Fir den Schüleraustausch sollt ech meng Sprochkenntnesser verbesseren. Wat ech mech méi mam Engleschen beschäftegt hunn, wat et mir méi gefall huet. Elo ass Englesch, no dem Sport, mäin zweet leiwstent Fach."
„Ech hunn England gären, ech sinn wierklech total verschoss an dat nast, kalt awer wonnerschéint Land. Oxford huet et mär absënns ugedoën, mat de wonnerschéinen ale „Gemäier an dem Colleges”. Vun do kënnt och d’Léift zu der Sproch. D’Mënschen sinn op, witzeg, tolerant an richteg Réidiamanten.”
„Englesch ass total cool, well een domadden am meeschten ufänken kann. Liddertexter verstoën, Computer-Uwendungen ëmsetzen...”
„Fir déi nächst Vakanz an d’USA mat mengen Elteren géif ech gären einfach besser mat den Léit schwätzen kënnen.”
„Englesch ass eng Sproch, déi op der ganzer Welt verstaane gëtt. Dat ass och den Uräiz, besonnesch gutt Englesch schwätzen an verstoën ze kënnen.”
„Fir meng Quali wollt ech eng gutt Englesch-Note an hunn dofir fir déi eischte Kéier a menger Schoulkarriär Nohëllef geholl. Mat Erfolleg.”
„No der Première géif ech gären studéieren. Mäin gréissten Wonsch ass et, an Australien en Auslandssemenster ze absolvéieren. Dofir brauch ech ganz gutt Engleschkenntnësser.”
„Textbespriechungen op Englesch ginn jo nach, mee d’Grammatik...Dat war am Däitschen schons doudlangweileg, awer am Engleschen ass et nach méi schlëmm. Déi ganz Schwieregkeeten an Ausnamen an dat och nach an enger mir friemer Sproch.”
„Ech spille Basketball an an dem Sport ass d’Konversatiun nun eemol Englesch. Den Träiner schwätzt Englesch mat eis.”
„Den “th” auszeschwätzen ass mir vun Ufang un schwéier gefall. Duerch en dachst Üben am Englesch-Unterrecht an an der Nohëllef ass et iergendwann gangen.”