Däitsch
D’ABACUS-Experen: Nohëllef am Däitschen
De grousse Problem, den mär erkennen, ass, dass d’Schüler, déi keng gutt Däitsch-Note hunn, wéineg liesen. D’Liesen fërdert d’Sproch an allen Deeler (Wuertschaz, Ausdrock, Inhalt, Formuléierung, Richtegschreiwen, Grammatik a.s.w.). Fir eng grondsäzlech Verbesserung am Fach Däitsch ze erzilen, leeën eis Nohëllefmataarbechter absënns grousse Wert op d’Liesen, an domader sinn net Gebrauchsuleedungen fir Computerspiller gemengt. En Erfolleg a kuerzer Zäit kann sech och duerch gezilt Übungen an eisem ABACUS-Nohëllefunterrecht astellen, ma eis Erfahrung weist, dass de Problem un der Wuerzel ugepackt soll ginn.
Den Eenzelunterrecht kann am Fach Däitsch ganz gutt op déi individuell Stäerkt an Schwäecht vun engem Schüler agoen.
A verschidene Fäll zitt d’Schwächt am Däitschen och de Problem an enger Friemsproch no sech. Hei bitt ABACUS déi besonnesch Méiglechkeet, dass en Nohëllefmatarbechter fir déi zwee Fächer zoustänneg ka sinn. Esou kann den Schwéierpunkt am Nohëllefunterrecht de Ufuederungen an der Schoul ugepasst ginn.
Schülermeinungen zum Fach Deutsch:
„Däitsch als Leeschtungcour, kombinéiert mat Geschicht. Das ass meng Kombinatioun. Demols, bei mengen Elteren an den 80er, gong dat nach net. Opmannst nët am Baden-Württemberg. Nëmmen Däitsch mat Bio wor fir „Formelonwëlleg“ eng Alternativ.“
„Mäi léiwste Fach an der Schoul wor Däitsch, well ech domadder gutt eens ginn sinn, an souwisou gären liesen a schreiwen. Dofir fällt mär dat mescht am Unterrecht an bei den Klassenaarbechten relativ licht, a Freed mescht et irgendswéi och nach ëmmer.“
„Ech schreiwen gären a losen menger Fantasi fräie Laaf. Dofir hunn ech am léiwsten och Aufsäz an Interpretatiounen.“
„Ech liesen gären, Bicher, Zäitschrëften asw. An léieren doduerch niewebäi schons vill, sinn awer frou, wann mär de Sazopbau, d’Grammatik asw. erkläert gëtt, well ech wëll selwer Texter schreiwen, vläit Journalismus studéieren.“
„Vum Harry Potter hunn ech alleguer déi 8 Bicher gelies. Fir de Fantasieaufsaz an der Schoul hunn mär dës Geschichten vill bruecht.“
„Mat gudde Referaten kann ech bal an alle Fächer meng Noten verbesseren. Dofir ass e gutt Däitsch och d’Basis fir eng gutt Referatsnot.“
„Däitsch a Wuert a Schrëft wor fir mech am Ufang nëtt licht. Ech sinn mat 6 Joer no Däitschland komm. No 4 Joer huet een mäin Accent net méi héieren. Dat wor och de Verdëngscht vun menger Nohëllef-Léierin.“
„An der Grondschoul ass Däitsch och fir d’Mathe wichteg. Wann ech d’Aufgabenstellung net verstinn, kann ech d’Aufgab och net rechnen.“
„Déi subjektiv Beuerteelung vun mengen Aufsäz nervt. Am Däitschen ass d’Relatioun vum Schoulmeeschter an dem Schüler matentscheedend fir d’Zensur.“